Biergeratelier: Benevolat an interkulturell Begéinungen
to see more pictures.
D’Gemeng Schëffleng huet de 6. Juli 2025 hiren 1. Biergeratelier am Haus Teranga am Kader vum interkulturellen Zesummeliewen organiséiert. D’Evenement huet an enger frëndlecher Atmosphär stattfonnt, mat enger Begréissung vum Här Buergermeeschter an enger Presentatioun vun de Gemengeberoder vum Familljeministere mam Zil de Benevolat ze stäerken an den interkulturellen Austausch tëschent Gemeinschaften ze fërderen.
E Spill fir d’Äis ze briechen huet direkt fir en oppent Klima gesuergt, wou d’Participant·inn·en aktiv matgemaach hunn. An dräi themateschen Atelieren hunn d’Bierger·inn·en zesummen Iddien entwéckelt, wéi een zu Schëffleng nach besser zesummekommen a wéi een d’Bedeelegung vu Benevollen an den Engagement vun all de Schëfflenger Leit fërdere kann.
No dësem intensiven Austausch an der Virstellung vun de Resultater, gouf den Atelier mat engem Brunch a Cocktailer ofgeschloss, déi fir entspaant Gespréicher an d’Entstoe vun neie Lienen tëscht de Participant·inn·e gesuergt hunn.