D 'Fläisseg Hänn vum Club haus beim Kiosk waren nees aktiv

Och dëst Joer konnte Fläisseg Hänn vum Club Haus beim Kiosk vu Schëffleng nees hier Ausdauer ënnert Beweis stellen. Si hunn ee ganzt Joer äifreg kleng "Ockien" (Octopus fir Kids) geheekelt. Dat si kleng Tentefësch, déi Ocki-Lux asbl weidergëtt un Maternité vum CHL an der Clinique Dr Bohler. Des kleng Trouschtdéierecher gi vum Service de néonatologie genotzt fir de Prématurés eng Erënnerung un Zäit an der Mamm hirem Bauch ze erméiglechen. Mme Sanne Lang vun Ocki-Lux war frou Ockien sichen ze kommen op Schëffleng, wou si se an engem gemittlech Kader vun de Membere vun de Fläissegen Hänn, ënnert der Leedung vum Marie-Jeanne Claude, iwwerreecht krut.