Fläisseg Hänn vum Club Haus beim Kiosk waren kreativ

“Fläisseg Hänn” vum Club Haus beim Kiosk vun Schëffleng konnten och dëst Joer nees, am Kader vun enger klenger Feier, un zwou Associatiounen een Don maachen . D’ Asbl TRAUERWEE krut selwer gebitzte „Gefills“ Wierfelen, mat deenen et dem Team vun der asbl, ronderëm Simone Thill an dem Christiane Rassel, méiglech ass op eng spilleresch Manéier mat de Kanner iwwert hier Gefiller ze schwätzen.

D’ Asbl OCKI-Lux, ënnert der Leedung vun der Madamm Sanne Lange, konnt selwer geheekelt kleng Tëntefësch entgéint huelen. Dës kleng “Ockis” ginn op der Néonatolgie vum der Clinique Dr Bohler bei de Prématurés benotzt, well déi kleng Tentakele Bëbeeën un d’ Nuebelschnouer am Bauch vun der Mamm erënneren.