E Piano fir Schëffleng

Op der Gemengeplaz war de 4. Abrëll eppes méi lass! Am Kader vun Esch2022 an an Zesummenaarbecht mat dem Muséker David Ianni huet d’Schëfflenger Gemeng een Piano geliwwert kritt. Dësen soll all d’Bierger a Biergerinnen ronderem d’Musék zesummekomme loossen an den ëffentlechen Raum beräicheren. De Piano vun der Firma Cadenza ass wiederbestänneg a kann egal op Reen, Sonn oder Schnéi gespillt ginn. Et ass deen éischten Piano an deem Genre zu Lëtzebuerg an am westlechen Deel vun Europa.

Freet Iech op vill flott Aktiounen mat a rondërem de neien Piano, deen esoubal d’Wieder et zouléisst vum Kënschtler Raphael Gindt e neien Look wäert kréien!