Weltfraendag zu Schëffleng

Am Kader vum internationale Fraendag ass d’Gemeng Schëffleng op e neits dem Opruff vum Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL) nogaangen, deen d’Gemenger freet, fir Plazen, Strukturen a Stroossen no Fraen ze benennen. Mat der nationaler Campagne “Rues aux féminin” sollen op dës Manéier Fraen an hiren Engagement siichtbar gemaach ginn.


An Zesummenhang mat den zwee Projeten “Affichons l’égalité” an “Who is she?”, alle béid deel vun der Campagne, huet de Schäfferot den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, op d’Inauguratioun vu béide Projeten op d’Gemengeplaz invitéiert. An der Presenz vun de Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot, de Schëfflenger Kommissiounen an de Familljemembere vun de geéierte Schëfflenger Damme gouf eent vun de provisoresche Schëlter symbolescht enthuelt. Ewéi scho bei der Editioun 2021 wäerten och dëst Joer eng Rei Schëfflenger Stroossen bis Enn Mäerz symbolesch ëmbenannt ginn:


* Avenue de Libération Avenue Marie-Thérèse Zerbato-Koenner

* Chemin de Bergem - Chemin Lily Unden

* Cité Emile Mayrisch - Cité Aline Mayrisch-de St.Hubert

* Cité Op Soltgen - Cité Anne Beffort

* Quartier Wendel - Quartier Lou Koster

* Rue Albert Wingert - Rue Astrid Lindgren

* Rue du Parc - Rue Lory Koster

* Place de la Liberté - Place Mahsa Amini


Am Kader vum Projet “Who is she ?” wäerten déi Plazen, Gebaier a Stroossen, déi hei zu Schëffleng offiziell no Fraen benannt sinn, dauerhaft eng Plack mat engem QR-Code kréien. Wann Dir dee scannt kritt Dir eng Biografie vun der jeeweileger Damm ugewisen, déi um Site www.rues-au-feminin.lu op dräi Sproochen nozeliese sinn:


* Place Grande-Duchesse Charlotte Grande-duchesse

* Parc Léonie Koullen

* Rue Florence Nightingale

* Ecole Lydie Schmit

* Ecole Nelly Stein


No der Ënthüllung vum Schëld op der Gemengeplaz goung et op en Empfang an d’Galerie “Schëfflenger Konschthaus” invitéiert. Hei sinn den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Madamm Monique Stein, Responsabel vum Service “Politique communale d’égalité entre Femmes et Hommes” vum CNFL, op d’Wichtegkeet vum internationale Fraendag agaangen an hunn d’Campagne mat den zwee Projete virgestallt. De President vun der Chancëgläichheetskommissioun Carlo Lecuit an d’Conseillère Idette Cattivelli hunn an hire Riede weider Aspekter vun der Fra an der fréierer an haiteger Gesellschaft beliicht. An engem Zesummeschnëtt vun dräi Videoen huet d’Gemeng am Kader vum Fraendag an en vue vun de Gemengewalen déi dräi aktuell Conseillèren zu hirer Aarbecht am Gemengerot befrot. D’Kënschtlerin Iva Mrazkova, déi déi aktuell Ausstellung « Études sur le Temps Présent  » ebenfalls an de Kader vum Fraendag gesat huet, huet den Invitéeë sur place an Abléck an hier Wierker ginn. Speziell fir d’Inauguratioun hat si zwee Portraiten vun Fraen, der Madamm Marie-Thérèse Zerbato-Koenner (fréier Léierin zu Schëffleng) an der kierzlech verstuerwener Lëtzebuerger Lyrikerin Anise Koltz. D’Ausstellung kënnt Dir nach bis den 1. Abrëll besichtegen.


Am Virfeld, de 25. Februar, hat d’Schëfflenger Gemeng, ebenfalls am Kader vun dësem wichtegen Dag, op en Jazz-Concert vum “Veda Bartringer Quartet” an d’Salle Grand-Duc Jean an der Gemeng invitéiert.