E solidaresche Scheck fir d'Asbl "Médecins du Monde"

De 7. Februar 2022 huet de Schäfferot zesumme mat Memberen aus dem Gemengerot en décke Scheck un d’Asbl “Médecins du Monde” iwwerreecht. Dëse Geste kënnt vu ganzem Häerz a soll am beschte Fall en Ustouss fir aner Gemenge sinn, sech och solidaresch mat deene vulnerabelste Leit aus eiser Gesellschaft ze weisen – sou de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an enger emotionaler Ried.


D’Asbl mécht eng immens wichteg Aarbecht um Terrain. Si hëlleft zu Lëtzebuerg an am Ausland schutzbedürftege Mënschen andeems se medezinesch Versuergung garantéiert an den Accès an d’Recht op Gesondheet fuerdert.


Och am Joer 2022 ass hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer net all Persoun sozialverséchert. Grad dofir sinn déi 6.000 Euro esou wichteg fir den Dokter Bernard Thill, deen d’Spend als President vun der Associatioun MdM Lëtzebuerg entgéint geholl huet. Säi Verspriechen ass kloer: et wäert weiderhin dru geschafft ginn fir all Persoun a Précaritéit individuell a würdeg ze behandelen.