Gaming Day Schëffleng

De 15. Abrëll war déi 2. Editioun vum Gaming Day Schëffleng. Vu Retro Games, VR, SimRacing bis zu Freeplay Computeren a Brietspiller war alles vertrueden.

Al a Jonk konnte sech mateneen oder och géinteneen a ville verschiddene Spiller a Spillkategorien ausliewen.

An den 3 Turnéieren, Fifa, Mario Kart an TFT, ass et ëm eng staark ëmkämpften éischt Plaz gaangen. Hei och nach eng Kéier e grousse Gléckwonsch un all d’Gewënner!

Insgesamt war et en erfollegräichen Dag, mat vill Spill, Freed a Spaass.