IDAHOBIT 2025

De 15. Mee 2025 huet d’Schëfflenger Jugendhaus an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schëffleng, en Nomëtteg fir Toleranz a Respekt am Kader vum Internationalen Dag géint Homophobie, Biphobie an Transphobie (IDAHOBIT) organiséiert.


Dëst Evenement huet de Visiteure·se flott Aktivitéite gebueden, déi si zum Nodenke bruecht hunn: an Zesummenaarbecht mat der Kënschtlerin Chiara Morette gouf e Kreativ-Atelier zum Thema Diversitéit ugebueden, deen de Participant·inn·en d’Méiglechkeet ginn huet, hir Kreativitéit auszedrécken a sech mat wichtegen Themen auserneen ze setzen.


Sur Place war och, en Informatiounsstand vum Planning Familial, wou d’Visiteure·se sech iwwert wichteg Themen am Zesummenhang mat Gesondheet a Sexualitéit informéiere konnten an et goufen Zeienaussoe vu Leit, déi Diskriminatioun erlieft hunn, gedeelt. An Zesummenaarbecht mam Géisskan Kollektiv ass dann och e Poetry Slam organiséiert ginn, hei hunn dräi jonk a kreativ Slamer·innen hier eege Gedichter virgedroen.


Dësen Dag war eng wäertvoll Geleeënheet fir Sensibiliséierung an Austausch an zesumme konnt en Zeeche fir méi Gläichberechtegung a géint Diskriminatioun gesat ginn.