Klimapakt-Dag 2025 – Gold Label fir Schëffleng

De 6. Juni war e wichtege Moment fir eis Gemeng: Schëffleng gouf um Klimapaktdag 2025 mam Gold Label ausgezeechent a Presenz vum Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit – eng grouss Éierung an eng kloer Unerkennung fir eisen engagéierten Asaz am Klimaschutz.


D’Gemeng Schëffleng huet op dësem Dag fir 4. Kéier déi national Zertifizéierung « Gold » kritt, als Symbol fir hiren exemplareschen Engagement a fir d’Erreeche vu méi wéi 75 % (79,6%) vun de méigleche Punkten aus dem Mesurëkatalog vum Klimapakt.


D’Gemeng muss sech all 3 Joer op en Neits beweise fir dëse Status ze behalen. Et ass domat schonn déi 4. Kéier, datt mir dëse prestigiéise Label kréien – en däitlecht Zeechen, datt mir zesumme mat Ausdauer a Visioun un enger nohalteger Zukunft schaffen.