MERCI MERCI MERCI

E mega Succès hat e Samsden, den 8. Februar 2020 d’Aktioun „Stammzellespender“, déi vun der Gemeng zesumme mat der „Association Don de Moelle Luxembourg“  organiséiert gouf.


Vill Schëfflenger Leit awer och ganz vill Leit aus dem ganze Land haten de Wee op d’Schëfflenger Gemeng fonnt fir esou vläit de geneteschen Zwilling, net nëmme fir de Rizo, mee fir all anere Leukämiekranken ze fannen.


816 Leit hunn hir Solidaritéit gewisen a sech enregistréiere gelooss.


Am Numm vun alle Kriibspatienten soe mär Iech nach eng Kéier e rise grousse Merci!