Nuit du Sport zu Schëffleng – ee richtege Succès
to see more pictures.
De 14. Juni 2025 huet zu Schëffleng d’Nuit du Sport stattfonnt. Mat iwwert 560 jonken a manner jonke Participant·inn·en, war d’Nuit du Sport ee richtege Succès. Trotz de héijen Temperature vu méi wéi 30°C hunn d’Leit sech net dovun ofhale gelooss, nei Sportaarten ze probéieren an dat mat vill Freed a Motivation.
Déi grouss Diversitéit vu sportlechen Aktivitéiten huet garantéiert, datt fir jiddereen eppes dobäi war.
Mir wëllen och all deene Merci soen déi eng Hand mat ugepak hunn : eis Veräiner, de Gemengenatelier, d’Gemengepersonal, den SIT, d’Jugend- an d’Sportskommissiounen.
D’Nuit du Sport huet erëm gewisen, dass Sport net nëmmen eng Aktivitéit ass, mee e Liewensstil, dee Spaass mécht, zesummebréngt an nei Horizonter opmécht.
Mir freeën eis schonns op déi nächst Editioun!