Porte ouverte vun der Gemeng Schëffleng

Den 12. November 2022 huet d’Gemeng Schëffleng hir Diere fir de Grand Public opgemaach. D’Schëfflenger Bierger an Biergerinne konnte sech am Kader vun der Porte ouverte, déi ganz am Thema vun der Chancëgläichheet stoung, iwwert de Fonctionement vun eiser Gemeng informéieren a kruten en Abléck an de politeschen Alldag. En vue vun de Gemengewalen 2023 an op Initiativ vum Ministère fir Chancëgläichheet ass dësen Hierscht déi national Campagne „Egalitéit liewen!“, de Schlëssel fir eng modern Gemeng an d’Liewe geruff ginn. D’Zil ass méi Participatioun vu Fraen an der Gemengepolitik an e besseren Equiliber tëscht Fraen a Männer aus allen Alterskategorien an den zukünftege Gemengeréit.

D’Porte ouverte huet a Presenz vun der Madamm Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer stattfonnt.