Pose de la 1e pierre du parking souterrain

Parken zu Schëffleng ass e schwieregt Thema. Dat weess jiddereen.

Deem soll elo entgéint gewierkt ginn an zwar mat engem ënnerierdesche Parkhaus matten am Zentrum.

E Freideg, de 14. Abrëll 2023 huet dofir de Schäffen- a Gemengerot zesumme mat de Bauleiter, de Projetsbedeelegten an den Awunnner, déi ronderëm de Chantier wunnen, de Grondsteen geluecht.

Säit leschtem September gëtt Dag fir Dag intensiv tëscht der Liberatiounsstrooss an der Kierchestrooss geschafft. Dat fäerdegt Parkhaus (geplangt fir Abrëll 2025) soll herno Plaz fir 178 Stellplazen op 5 Hallefniveauen hierginn. Ronn 150 Plaze wäerte public sinn an en Deel wäert och u Residenten an der Ëmgéigend verlount kënne ginn.

De Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, huet a senger Usprooch un d’Leit de berühmte Saz “Do wou gehuewelt gëtt, fale Spéin…” benotzt an hinnen e grousse Merci ausgedréckt fir d’Gedold an de Versteesdemech. D’Resultat wäert awer ganz sécher eng Plus-Value fir d’Gemeng, hir Geschäfter, Restauranten an Awunnner ginn – dëst och ënner anerem well e richteg flotte Park, also eng Gréngfläch mat enger Spillplaz, iwwert dem Parking wäert entstoen.