Scheckiwwerreechung un SOS Faim an LUkraine

Den 30. Januar huet sech d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der asbl Schëffleng Hëlleft am Kader vun enger wonnerbarer Occasioun getraff.

D’Gemeng huet der ONG SOS Faim e Scheck vun 10.000 Euro iwwerreecht deen hinnen weiderhëlleft hier wichteg humanitär Projeten ze realiséieren.

Och d’asbl LUkraine krut vun Schëffleng Hëlleft e Scheck vun 25.000 Euro iwwereecht, fir hier Efforten hei zu Lëtzebuerg esou wéi an der Ukrain selwer ze valoriséieren.

En grousse Merci un all Leit déi un eise Spendenaktiounen matgehollef hunn.