Schëfflenger Hobbymoart

De Weekend vum 19. an 20. November 2022 war et nees esou wäit: de Schëfflenger Hobbymoart huet seng Dieren opgemaach a schonn e bësse wanterlech Stëmmung an d’Südgemeng bruecht.

Insgesamt hunn 35 Hobbykënschtler hir schéinste Wierker ausgestallt an d’Leit konnte schonn deen een oder anere Kaddo fir hir Léifste kafen oder flott Deko-Artikel fir hir Wunneng ze verschéineren hei fannen.

Solidaritéit war e groussen Aspekt beim Hobbymoart dëst Joer an esou waren och 7 Infostänn zu deene verschiddensten Theme vertrueden, bei deenen d’Visiteuren sech informéieren oder aktiv fir de gudden Zweck engagéiere konnten.

Am Kader vun der traditioneller ‘Ronde officielle’ hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun Yves Marchi jidderengem Merci gesot. Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot hu si sech doropshin e Bild vun deene ville flotte Stänn gemaach.

Nierwend den Hobbybastler war och d’Jugendhaus vu Schëffleng um Wierk an huet deene Klenge Besicher e kreativen Atelier ganz am Sënn vun der Nohaltegkeet an dem Upcycling ugebueden.

E Merci geet un d’Schëfflenger Veräiner, déi sech um Food Village bedeelegt hunn a wärend dem ganze Weekend fir richteg leckert Iessen a Gedrénks gesuergt hunn.