Séance académique 2025

Am Kader vum Nationalfeierdag huet d’Gemeng Schëffleng hir traditionell akademesch Sëtzung organiséiert.


De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a senger Ried d’Bierger·innen, d’Éieregäscht, d’Veräinsdelegéiert souwéi d’Gemengerotsmemberen häerzlech begréisst. Hien huet ënnerstrach wéi wichteg et ass d’Eenheet an d’Solidaritéit vu Lëtzebuerg ze feieren, an huet och un déi vergaange Kämpf fir Fridden a sozial Gerechtegkeet, souwéi un den Engagement fir eng Zukunft vu Fräiheet an Onofhängegkeet an der Europäescher Unioun erënnert.


Mir soen och deene verschiddene Spriecher·inne Merci, déi den Owend zum Thema vum Zesummeliewen zu eppes Besonneschem gemaach hunn: der Madamm Eline Bleser, der Madamm Li Troes, dem Här Muhamed Coloman, dem Här Joe Hoffmann, dem Daniel Jordao, Archivendelegéiert fir d’Gemeng Schëffleng, dem Duo « Nova » fir dee super musikaleschen Encadrement, der Madamm Kany Touré fir hir Moderatioun an der AMCIS-Ekipp fir hire Video.


D’Emotioune koumen och net ze kuerz, well den Här Carlo Feiereisen, 1. Schäffen, zum Schluss de Mikro ergraff huet fir dem Paul Weimerskirch e grousse Merci auszespriechen a fir seng ganz Zäit als « Buergermeeschter vun der conviviaalster Gemeng aus Lëtzebuerg » ze éieren.


Fotogalerie