D'Kapell an der Uewerschlënner – Eng Traditioun lieft wieder.

De leschte Sonndeg hunn sech ronn 80 Gleeweg a Visiteuren an der Uewerschlënner versammelt, fir zesummen d'Fest vun der helleger Kunigunde ze feieren. Déi järlech Mass bei der historescher Kapell ass zënter Joerzéngten e feste Bestanddeel vum reliéisen a kulturelle Liewen an der Regioun.

Nodeems d'Kapell am Joer 1974 grëndlech restauréiert gouf, gëtt do – mat Ausnam vun de Jore wärend der Covid-Pandemie – all Joer eng Mass zu Éiere vun der helleger Kunigunde gefeiert. Si ass Ausdrock vun enger lieweger Traditioun, déi d'Mënschen iwwer Generatioune matenee verbënnt.

Dëst Joer gouf déi feierlech Mass vum Weibëschof Leo Wagener zesumme mam Paschtouer Martin Molitor an dem Jey Santhanam konzelebréiert.

A senger Priedegt huet de Weibëschof Leo Wagener un déi verstuerwe Paschtéier Isy Morn a Jean Poos erënnert, déi sech deemools mat vill Engagement fir d'Renovatioun vun der Kapell agesat haten. Dës konnt duerch d'finanziell Ënnerstëtzung vun der Gemeng Buerschent an dem nationalen Denkmalschutz realiséiert ginn. Zënter Dezember 2019 steet d'Kapell offiziell ënner Denkmalschutz.

Fir de feierleche musikalesche Kader hu wéi all Joer d'Kierchechéier vu Schlënnermanescht an Houschent gesuergt, déi d'Mass mat hirem Gesank beräichert hunn. Eng besonnesch flott Note hunn dëst Joer och d'„Clierrewer Juegdbléiser“ bäigedroen, déi souwuel d'Mass wéi och dat uschléissend gemittlecht Zesummesi musikalesch begleet hunn.

Nom Gottesdéngscht hunn d'„Frënn vun der Schlënner“ d'Gäscht op e gemittlecht Zesummesinn agelueden a fir d'leiflecht Wuel vun alle gesuergt.

E grousse Merci geet un all déi, déi um Fest matgewierkt hunn, un d'Gemenge Buerschent a Parc Housen, souwéi un all d'Hëllefen, déi mat hirem Asaz zum Erfolleg vun dësem schéine Fest bäigedroen hunn.

E besonnesche Merci geet och un all d'Visiteuren, déi trotz de héije Summertemperaturen de Wee an d'Uewerschlënner fonnt hunn. Hir Verbonnenheet mat dëser besonnescher Plaz an hirer Traditioun weist, datt d'Kapell net nëmmen en historescht Denkmal ass, mee och haut nach eng Plaz vum Glawen, vun der Begéinung a vun der Gemeinschaft. Dank hinne lieft dës schéin Traditioun weider.