1.500 Euro fir d'ASBL Trauerwee

Den Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg huet am Kader vu senger Chrëschtfeier en Don vu 1500 Euro un d'ASBL Trauerwee gespent.

D’Martine Wirtz huet de Scheck am Numm vun der ASBL Trauerwee entgéint geholl an huet d’Aarbecht vun der Associatioun erkläert.

Trauerwee begleet an ënnerstëtzt  Kanner a Jugendlecher, déi eng nostoend Persoun verluer hunn, an hirer Trauer.

Fir déi wichteg Aarbecht ze ënnerstëtzen, huet den Theaterveräin decidéiert, een Deel vum Erléis vun hiren Theaterowender vum leschte Joer ze spenden.

Déi nächst Theateropféierunge sinn déi zwee lescht Weekender am Januar 2024. Info a Reservatioune fir "Keng Plaz fir esou Tricken" gëtt et ënner www.theaterfsa.lu