Abschied vum Beruffsliewen

No 40 Joer Beruffsliewen, hat de Marco Karier viru kuerzem seng Arbechtskollegen vun der Mierscher Post an d'Veräinshaus "Op der Héicht" zu Schous agelueden, fir mat hinnen zesumme bei engem gudde Maufel an engem Patt, den Ufank vu senger Pensioun ze feieren. No der fräiwëlleger Arméiszäit  an 36 Joer Post, dovunner 34 um Mierscher Büro, ass et elo un der Zäit, fir den Hobbyen nozegoen, virun allem méi Zäit fir d'Reesen ze hunn.