Konschtausstellung zu Schouss

Kulturkommissioun vun der Gemeng Fëschbech invitéiert den 14. a 15. Dezember op hier Konschtausstellung. 13 Kënschtler aus der Gemeng stellen hier Biller, Fotoen a Skulpturen am Veräinshaus „Op der Héicht“ zu Schouss aus. Vernissage ass Samschdes um 18.00 Auer. Sonndes ass d'Ausstellung vun 10.00 – 18.00 Auer op.
Am Bistro kritt der e Patt ze drénken an eng Klengegkeet z'iessen. Fräien Entrée.