Groussen Undrang op de Stänn vum Kannerfloumaart zu Schous!

Et wor emol nees eng Kéier Kannerfloumaart zu Schous op der Héicht am Veräinshaus. Grouss a Kleng hunn hier al Spillsaachen, Kleeder, Kutschen, Vëloen asw ausgestallt a verkaf. D'Elterevereenegung aus der Gemeng Fëschbech huet des Manifestatioun organiséiert an konnt erëm e Grousse Succès verbuchen. Nieft de selechen Stänn sinn et frësch Paangecher ginn an natierlech e Patt ze drénken. Am Zelt virun der Dir huet een alles fonnt ronderëm de Vëlo. En Informatiounsstand vun de Frënn vun Csòkakö-Hiefenech iwwer Ungarn an hir Aktiounen wor opgebaut. Wei d'Stänn ofgeriicht gi sinn, hu vill Leit, déi net verkaafte Saachen, bei de Frënn vun Csòkakö ofginn. Eng ganz Remorque voller Kleeder a Spillsaachen as esou zesummekomm. Dës Saachen gi mam nächsten Transport an Ungarn op Csòkakö, wou een Deel an Spillschoul an an d'Crèche geet an een Deel un d'Kanner aus der Gemeng verdeelt gëtt, wëll och dohannen ass d'Krise net einfach esou laanscht gezunn.

Merci den Elteren a Kanner fir dëse flotte Geste.