19. KLASSENTREFFEN VUN DE JOEREN 1941 - 1944

Schëtter - Minsbech . Dëser Deeg hunn déi fréier Schoulkanner vun de Joeren 1941 - 1944 aus der Gemeng Schëtter sech schon fir déi 19. Kéier getraff , an dëst Joer waren si mam Zuch op Diddeléng an d'Pomhaus d'Austellung " The bitter years " vum Edward Steichen kucken an dono haten si nach eng Visite am CNA fir déi neisten Méiglechkéiten erklärt ze kréien fir d' Sauvegarde vun alen Filmer a Photographien. Bei engem gudde Mauffel am Restaurant

" Amarcord " si du nach vill lëschten al Spiichten verzielt ginn .