Flotten 80.Gebuertsdag

de Jemp KAUFFMANN vu Schëtter huet mat der Famill ee flotten 80.Gebuertsdag gefeiert . Gebuer ass hien den 23.06.1943 zu Schëtter als jéngste Jong vun 4 Kanner vun der Koppel Ed.KAUFFMANN a senger Fra Lisy COURTE . Nom fräiwëllegen Arméidénscht huet hien während méi wéi 40Joer bei der Postes geschafft . Bestuet ass hien well 56 Joer mam Sylvie HERMAN an huet ee Jong , den Alain . De Jemp ass scho méi wéi 40 Joer , no Buergermeeschter a Scheffen , nach ëmmer Conseiller am Schëtter Gemengerot a Member a villen Veräiner vun der Gemeng Schëtter, huet och nach aner Interessi wéi Fëschen a Moto fueren , Moto Sidecar Cross kucke goen asw.

him wënsche mir nach laang vill Zäit fir Famill an Hobbien.