DP-Schëtter: D’Gemeng Schëtter muss sech harmonesch an nohalteg entwéckelen.

(deutsche Version auf MyWort oder der Web-Seite http://www.dp-schetter.lu zu lesen )

Haut wunnen an der Gemeng Schëtter dräimol méi Leit ewéi 1970. D’Awunnerzuel ass an deer Zäit méi séier gewuess ewéi déi an den Nopeschgemengen, beispillsweis Sandweiler, Nidderaanven a Conter. An am landeswäite Verglach sinn an der Gemeng Schëtter iwwerduerchschnëttlech vill Aarbechtsplazen entstan.

Mat senger gudder Lag am Anzugsgebitt vun der Stad, sengen dynameschen Entreprisen a senger ausgezeechenter Liewensqualitéit bleift d’Gemeng Schëtter eng attraktiv Plaz fir de Wunnéngsbau an nei Handwierks- an Handelsbetrieber. De Bedarf u bezuelbare Wunnéngen ass héich, d’Offer muss am Intressi vun de jonke Stéit mat der Nofro Schrëtt halen. D’natierlech Ressourcen däerfen dobäi ower net op der Streck bleiwen.

No intensiver Berodung mat de Bierger hat de Gemengerot am Joer 2003 ënner DP-Féierung eestëmmeg e Gemengenentwécklungsplang gestëmmt. Do dra war ënner anerem festgeschriwwe ginn, datt Schëtter als Gemeng eng Gemeng mat ländlechem Charakter bleiwe misst an datt bis 2015 d’Zuel vun den Awunner net iwwer 3 800, 3900 erausgoen däerft. Haut si mir bei 3 592 ukomm.

Virun dräi Joer huet den CSV-LSAP-Schäfferot sech druginn, fir en neie Bebauungsplang (PAG) fir d’Gemeng auszeschaffen. Gréisstendeels doktere se hanner zouenen Diren drunn, bis haut ouni Fortschrëtt. Dobäi geet et drëm, de Bebauungsperimeter z’erweideren, Bauland am Perimeter zréckzeklasséieren, ëm nei Cités-Projeten asw.

D’DP verflicht sech:

- den neie Bebauungsplang (PAG) am offenen Dialog mam Bierger auszeschaffen;
- d’Gemeng moderat am Sënn vum Gemengenentwécklungsplang vun 2003 wuessen ze loossen, net ouni en virdrun aktualiséiert ze hunn;
- deen zanter e puer Joer scho geplangte Soziale-Wunnéngsbau-Projet um Leyebierg méiglechst séier ëmzesetzen an am Intressi vun de jonke Matbierger weider Projeten z’ënnerstëtzen.

D’zukünfteg Entwécklung vun eiser Gemeng stellt eis virun eng grouss Erausfuerderung. Ouni d’Zesummenaarbecht mam Bierger geet et net, ouni eng gewëssenhaft, transparent a kompetent politesch Féierung och net.

Dës Zesummenaarbecht an d’Féierung iwwerhaapt

si vun der aktueller Majoritéit vernoléissegt ginn!

Dir kënnt dat änneren! Notzt d’Geleeënheet!

Zesumme mat der DP Schëtter den 9. Oktober 2011