DP-Schëtter: D'Virféierung vun eisem Programm fir d'Zukunft vun der Gemeng Schëtter

D'DP-Schëtter huet en usprochsvollen Programm fir d'Gemengewahlen vu muer, den 9. Oktober 2011, opgestallt. Dëse Programm gouf de 29. September bei der Wahlversammlung an der neier Schoul vu Minsbech dem interesséierten Publikum presentéiert. Déi 11 KandidatInnen vun der DP-Schëtter hunn sech bei dëser Geléigenheet och virgestallt. Während der Versammlung huet de Xavier Bettel, Deputéierten an Schëffen vun der Stad Lëtzebuerg, sech och op beandrockend Art a Weis un d'Bierger vun der Gemeng Schëtter geriicht.

D’ Präsentatioun vum Wahlowend kënnt dir als PDF hei oder op eiser Internet-Säit op Däitsch oder Franséisch eroflueden: http://www.dp-schetter.lu/