DP-Schëtter: Eise Programm fir d'Gemeng Schëtter

Schëtter zesummen gestalten!

Den 9. Oktober gin d’Weichen fir d’Zukunft vun onser Gemeng gestallt ...

Wëll Dir dass d’Liewensqualitéit verbessert get ?
Wëll Dir méi eng ëmweltgerecht Gemeng? Wëll Dir manner Verkéier?
Wëll Dir mat decidéieren?
Wëll Dir eng kannerfrendlech an altersgerecht Gemeng?
Wëll Dir dass d’Jugend weider an onser Gemeng ka wunnen?
Wëll Dir eng transparent an op d’Intresse vum Bierger ausgeriichten Politik?
Wëll Dir eng verschéinert Gemeng mat z.B. enger nei amenagéierter Kiercheplatz?
Wëll Dir en neit amenagéiert Gemengenhaus?

Da wielt den 9. Oktober Lëscht 4
D’Lëscht vun der Demokratescher Partei

Eng Equipe vun esouwuel erfuerenen ewéi neien KandidatInnen, 3 Dammen an 8 Hären bilden d’Kandidatelëscht ronderëm de Spëtzekandidat Nicolas WELSCH.

Si sinn dynamesch, motivéiert an engagéiert Bierger,
a setzen sech fir eng konstruktiv an nohalteg Politik an eiser Gemeng an.