Gréisser Alkoholkontroll e Freideg op der Schwéibecher Bréck

Eng gréisser Policekontroll gouf et de Freideg (15.07) den Owend op der N12 kuerz no Sëll op Héicht vun der Schwéibecher Bréck.

Op Uerder vum Parquet vu Dikrech gouf all Gefier tëscht 20.00 an 21.30 Auer op deeër villbefuerener Streck ugehal, egal op Auto, Camion, Bus oder Trakter. Gekuckt gouf virun allem nom Alkoholpegel vu de Chaufferen, mä d'Beamten haten och e Bléck op aner Detailer, wéi de Gurt, dee net ugeluecht war, oder d'Pneu'en, déi net méi an der Rei waren.

Un der Kontroll deelgeholl hu d'Brigaden aus de Regioune Miersch a Dikrech, esou wéi hir Kollege vun der "U.G.R.M." ("Unité de Garde et de Réserve Mobile"). Insgesamt woren eng gutt 20 Polizisten, - dovun alleng 16 op der Kontrollstatioun selwer - präsent, mat enger Dose Gefierer.

De Bilan vu der Aktioun dierft demnächst op http://www.police.public.lu/
nozeliese sinn. (Cy)