Neit Arbichtsgezei fir d'Matarbichter aus der Gemeng Sëll


Schweebech: Nit manner wi 6 000 Euro huet de Schëfferot vun der Gemeng Sëll ausgin, fir senge Matarbichter mat enheetlichem Arbichtgezei auszerëschten. Am Kader vun enger klenger Feier an de Räimlichkeeten vum Technischen Service vun der Sëller Gemeng zu Schweebech, war de Buergermeeschter Gérard Zoller ganz houffrig, fir senge Matarbichter vum Technischen Service niewt engem Soft Shell, enger Wanterjackette, enger Box, engem Gillet, enger Mutz, enger Kâp, engem Pully an engem T-shirt versin mam Logo vun der Gemeng Sëll können ze iwerreechen. Och di Leit aus dem administrativen Deel vun der Gemeng sin mat engem einheitlichen Pollo agekleed gin. A senger Ried huet de Buergermeeschter drop gehaalen, dat dess nei Kleedung, propper an ëmmer gut versuergt soll derzou beidroen, fir alle Matbierger aus der Gemeng ze weisen, dat hirt Gemengepersonal als gesamt Team ëmmer am Asaatz fir si do ass. (CR) (Foto: Charles Reiser)