Marie- Jeanne Risch- Grein huet hiren 90. Geburtsdag gefeiert
Schweech: Viru kuurzem konnt d’Marie- Jeanne Risch- Grein vu Schweech bei gudder Gesondheet, hiren 90. Gebuertsdag , Doheem feieren. Marie- Jeanne Grein ass den 26. August 1935, als dat jéngst vun dräi Meedercher vum Julien Grein, Mëller op der Platinerie zu Bonnert (B) an Marie- Anne Cler vu Béiwen/Attert op d’Welt komm. No der Primärschoul zu Tountel huet d’Gebuertsdagskand, wéi dat deemols üblich war, am Pensionat zu Virton hier Schoul fäerdeg gemach. De 4. Mäerz 1957, op Fuesméindig, gëtt d’Jubilarin mam Raoul Risch vu Schweech bestued. Di zwee, mat Leiw a Séil, Bauer, iwerhuelen dann och den elterlichen Bauerebtriib zu Schweech. Aus hirem Bestiednis gin e Meedchen an e Jong ervier. Haut ass d’Madame Risch- Grein mat grousser Freed, Groussmamm vun zwee Enkel an enger Urenkelin. E groussen Aschnëtt an hirem Liewen war den Doud vun hirem Mann Raoul, am Joer 2001. Arens Jeanny, wéi d’Jubilarin am Duerf genannt gëtt, wunnt haut nach zu Schweech an hält sech um Lafendem wat am Bauerebetrib geschitt oder wat esou am Duerf lass ass. An hirem aktive Liewen waren di zwee gesellig Leit a si vill eraus gaang. Och haut geet si nach gären ënnert d’Leit an ass bei all Familjefeier gaeren derbéi. Besonnesch huet si sech gefreet iwer de Besuch vum Buergermeeschter Thierry Lagoda mat sengem Schëffen Claude Loutsch, déi mat engem schéinen Blummenarrangement an petits- fours komm waren, fir d’Gléckwënsch am Numm vun der Gemeng Biekerich un d’Jubilarin zu hirem 90. Gebuertsdag ze iwerbréngen. Duerno ass d’Glas zesummen mat der Famill erhuewe gin an op weider gesond, glécklich an zefridden Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)