Scheck fir de Privaten Déiereschutz asbl

Op senger Generalversammlung dëse Sonndeg, 19. Abrël huet de Privaten Déiereschutz asbl e Scheck vu 770 Euro iwerreecht krit vun der Amicale Eug. Hoffman.

Déi Amicale war gegrënnt gin vu fréiere Mataarbechter vun Eug. Hoffman aus der Groussgaass fir sech vun Zait zu Zait erëmzegesin.
Si as virun enger Zait opgeléist gin an de Rescht vun hirer Keess hun si dem Privaten Déiereschutz zoukomme gelooss. D'Präsidentin vun deem Déiereschutz war och ee vun de Mataarbechter vun Eug. Hoffman.

De Privaten Déiereschutz kann déi Ënnerstëtzung gudd gebrauchen a seet villmols merci.