Branntewäin - De verwëllefte Keller (2023) - De Kommissar ass zréck!?

Säit e puer Deeg hunn ech, Paul Heinesch (23) mäin 2. Buch mam Numm Branntewäin - De verwëllefte Keller verëffentlecht. Et handelt sech ëm eng Krimikomödie op 260 Säiten, komplett op Lëtzebuergesch, vollgeprafft mat flotte Spréchwierdern a misler Anekdoten. D'Geschicht spillt am schéinen Osten vum Land. Vir méi genau ze sinn: uechter d'Dierfer laanscht d'Musel. Ah jo a iert ech et vergiessen: d'Geschicht ass eng Fortsetzung zum 1.


- Hei e klengen Reklammentext vir iech op de Goût ze bréngen:


Endlech ass et souwäit! D'Fortsetzung vu mengem Buch Branntewäin (2021) ass do. Laang misst dir waarden, mee elo ass et do! D'Gendaarme vu Réimech sti schonn an de Startlächer fir de nächste Fäll laanscht d'Musel an Ugrëff ze huelen. D'Fro ass nëmme mat oder ouni eise Kommissar Jean-Paul Gauthier? Et weess een et net. Mais bon, hëpp hëpp schëtt dir e Patt eraus, lee d'Been an d'Luucht a fann et raus.


D'Buch ass eng komplett Eegeproduktioun. Kee Verlag, keen Designer, keen näischt. Alles zu honnert Prozent authentesch. Heiansdo brauch ee nëmmen e Grapp voll Leit, fir en Häerzensprojet op d'Been ze bréngen. Wann et eppes gëtt wat dat Buch ausstrale soll, dann datt ee mat de richtege Leit alles erschafe kann. An trotzdeem, wëll ech hei d'Méiglechkeet ergräifen, fir e puer Leit MERCI ze soen:


- Merci un d'Jill Groos deng Rotschléi, fir d‘Doodles a virun allem, dass du

mäin geschriwwene Kabes ëmmer gelies hues.

- Natierlech och e grousse Merci u meng Elteren an u mäi

Bruder fir d’Rotschléi an d’Ënnerstëtzung.

- Richteg Schreiwen op Lëtzebuergesch ass net ohne. Dofir e

grousse Merci un d’Jeanne Letsch, déi dat heite Buch net

nëmme verbessert, mee mir souguer nach deen een oder

anere Schreifstiltipp ginn huet. E grousse Merci!

- Merci Dan Hoffmann, datts du kee Moment gezéckt hues

däi flotten, ale „VW Käfer“ fir d’Buchcover bereetzestellen.

- Datt e schéine Cover vill ausmécht läit op der Hand. Dofir e

grousse Merci un de Michel Decker, deen sech direkt

bereeterklärt huet mir dobäi eng Hand unzepaken.

- Dann geet och nach e Merci un de Joë Kremer raus, dee

mech bei oppene Froen ëmmer beroden a konstruktiv

Tuyaue geliwwert huet.


__________________________

Wou kritt een dann iwwerhaapt déi zwee Bicher?


Ma, dat ass eng gutt Fro! Entweder op mengem Site (https://www.branntewain.com/) oder geschwënn hei:


- Librairie ERNSTER


- Librairie ZIMMER


- Librairie DIDERICH


- Librairie UM FIELDGEN


Weider Infoen, ginn et natierlech op op mengem Site, komm roueg eng Kéier luussen, wanns du Zäit hues: https://www.branntewain.com/


Wann DIR mäin Häerzensprojet gefält, da fäert net mäi Buch op den Sozialen Netzwierker ze deelen. Näischt mécht mech méi frou ze gesinn, datt d'Leit sech vir mäi Buch interesséieren.


Zum Schluss nach e puer Infoen zum Buch. Natierlech däerf de Klappentext och net feelen:


Numm: Branntewäin - De verwëllefte Keller

Auteur: Paul Heinesch

ISBN: 978-99959-0-893-5

Säitenzuel: 260

Format: Héichkant A5

Standuert: Stadtbredimus

Verkafspräis: 15 Euro

Date de publication: 23/10/2023


Klappentext: De Kommissär ass zeréck, also méi oder manner. Eisen amfong pensionéierte Kommissär, deen dem Doud nach grad sou vun der Schëpp gesprongen ass, kann einfach net d’Fanger vum neie Fall loossen. Viru kuerzem ass nämlech zu Schengen en Douanier spuerlos verschwonnen. Wéi et schéngt war hien eppes Grousses op der Spuer. Villäicht eppes mat d’Branntewäin? Wien weess… Op piddefall d’Gendaarmen, dorënner den Haaptermëttler Emile Kreuz, fréieren Aarbechtskolleeg vum Kommissär, sti virun engem grousse Rätsel. Datt si dobäi um hallwe Wee op e beemol vun engem alen, granzegen a pensionéierte Kommissär Hëllef géifen kréien, huet keen erwaart. Mais bon, sou ee stuere Bock, bleift och net mam Aasch doheem op der Fautel sëtzen. De Fall waart op hien!


__________________________

An domat lo Äddi a Merci!