Branntewäin - E richtegen Muselkrimi

Säit dem 6. Oktober 2021 hunn ech, Paul Heinesch (21), mäi Buch mam Numm Branntewäin verëffentlecht. Et handelt sech ëm eng Krimikomödie op 241 Säiten, komplett op Lëtzebuergesch, vollgeprafft mat alen, flotten Spréchwierder. D'Geschicht spillt am schéinen Osten vum Land. Vir méi genau ze sinn: uechter d'Dierfer laanscht d'Musel. D'Geschicht ass komplett erfonnt mat fiktiven Personnagen an dem een oder aneren “gewollten“ Schreiffeeler.


- Hei e klengen Reklammentext vir iech op de Goût ze bréngen:

Branntewäin, e richtegen Muselkrimi. Wien hätt geduecht, datt e Mordfall an den Dierfer laanscht Musel sou spannend a witzeg ka sinn? Eise Kommissär Jean-Paul Gauthier geet dem ganzen Gedeessems an sengem leschte Fall virun der Pensioun op d’Spuer. Wat hien wuel alles erliewen wäert? Fannt et selwer eraus. Eppes steet awer fest: Et wäert Alkohol am Spill sinn.


D'Buch ass eng komplett Eegeproduktioun. Kee Verlag, keen Designer, keen näischt. Alles zu honnert Prozent authentesch. Heiansdo brauch een nëmmen e Grapp voll Leit, fir en Häerzensprojet op d'Been ze bréngen. Wann et eppes gëtt wat dat Buch ausstralen soll, dann datt een mat de richtegen Leit alles erschafen kann.


Wou kritt een dat dengens dann?

Ma, dat ass mol eng gutt Fro! Fir den Ament gëtt et mäin Buch op 5 Plazen:


- Librairie ERNSTER

- Librairie ZIMMER

- Librairie DIDERICH

- Visit Moselle

- Berdorfer Eck


Weider Infoen, ginn et natierlech op op mengem Site, komm roueg eng Kéier luussen, wanns du Zäit hues: https://www.branntewain.com/


Wann DIR mäin Häerzensprojet gefält, da fäert net mäi Buch op den Sozialen Netzwierker ze deelen. Näischt mécht mech méi frou ze gesinn, datt d'Leit sech vir mäi Buch interesséieren.


Zum Schluss nach e puer Infoen zum Buch. Natierlech däerf de Klappentext och net feelen:


Numm: Branntewäin

Auteur: Paul Heinesch 

ISBN: 978-99959-0-698-6

Säitenzuel: 241

Format: Héichkant A5

Standuert: Stadtbredimus

Verkafspräis: 15 Euro

Date de publication: 06/10/21


Klappentext: Jo, jo, d’ass schonn gutt ech weess wat dir lo denkt: „Erëm sou een langweilegen nullachtfünfzehn Krimi“, mee nee maach mol lues! Firwat sollt e Krimi net mol eng Kéier een zum Schmunzele bréngen a gläichzäiteg fessele kennen? Ma eben! Mat eisem klengkaréierten lëtzebuergeschen Kommissar Jean-Paul Gauthier erfëllt hien den totalen Klischee an léisst mat senger spezieller Aart a Weis den knifflegsten an schwéiersten Fall senger Karriär. Ech soen nëmmen eppes, d’ass een ferm mat der Panz an d’Musel gefall. An wéi et bei de Miseler ëmmer ass, war rëm Alkohol am Spill. D’ass awer och schlëmm mat hinnen!


__


An domat lo Äddi a Merci!