"Eemol Scout, ëmmer Scout!" 30 Joer Stengeforter Gruppechef!

Säit 1982 leed de Vic Wester de Stengeforter Grupp. Vill jonk Guiden a Scouten vu Stengefort si bei him an d'Léier gaangen. Mee och op nationalem Plang ass de Vic bekannt, ob als Ravischef op engem nationalen Camp, Member an der Avexekipp oder dem Gilwellstaff, ob hien ass ëmmer verlooss. Et gin net vill LGS-Memberen déi net schonns eppes vum Vic gekacht kruten. 30 Joer geliefte Benevolat op héchstem Niveau, all Respekt.

Dëse Mëttwoch Owend huet de Stengeforter Grupp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hire Gruppechef gefeiert. No enger klenger Schnitzeljagd, vum Home bis an déi al Schmelz, gouf de Vic vun senge LGS-Frënn iwwerrascht. Seng Cheffen hun eng Ried iwwer 30 Joer Gruppechef gehalen, ënnermolt gouf dat ganzt mat engem Fotosreckbleck. Eis Commissaire Général, Carmen Schares, huet am Numm vum Verband, Merci gesot fir dem Vic säin onermiddlechen Asaatz am Stengeforter Grupp an op nationalem Plang. Den Här Buergermeeschter Jean-Marie Wirth huet de Vic gelueft fir déi gudd Jugendaarbecht an der Gemeng a versprach dass d'Gemengeverantwortlech alles waerten drusetzen fir dass Stengeforter Grupp och an Zukunft kann weider esou gutt funktionéieren, besonnesch wat den alen Home betrëfft, deen schonns säit laangem aus alle Neit platzt.

Nodeems de Vic nach mat e puer ganz besonneschen Cadeau geéiert gouf a mir och senger Madame, dem Arlette Merci gesot hun, fir dat Versteesdemech wat Si an all deene Joeren matbruecht huet, ass den Éierewäin vun der Gemeng offréiert an e ganz besonneschen Kuch ugeschnidden ginn.

Merci Vic, an dir nach ganz vill Joeren derbäi!
Ganz nom Motto: "Eemol Scout, ëmmer Scout!"

More news by Guiden a Scouten St Hubert/Ste Bernadette >