Montée bei de Stengeforter Guiden a Scouten

E Sansdeg de 29. September 2013 hun Stengeforter Guiden a Scouten daat neit Scoutsjoër ugefang. Traditionnel hun se daat mat hierer Montée gemaach, eng kleng Activiteit wou een symbolech de Schrett an dei naechst (nei) Branche mecht. Dest Joër sin dei auserwielten Wëllefcher, AvEx a CaraPio op engem Schlauch iwert Eisch an den Tunnel eran gefuer deen ennert dem Square Patton verleeft.
Duerno hun mir zesummen mat eisen Elteren, Frenn, a Chef, eng gudd Pasta à la chef giess. D'Fotoen vum leschte Scoutsjoër mat eisen Auslandscamp'en zu Wien, a Schottland an eisem Wêllefcherscamp zu Beetebuerg duerften nit fehlen.
No esou engem gelongen Dag freen mir eis dass et elo erem lass geet an mir gin eis RDV all Samsdeg zu Stengefort beim Scoutshome tescht 14h a 16h.... (ausser an de Schoulvakanzen)

More news by Guiden a Scouten St Hubert/Ste Bernadette >