Dëst Joer hu mer e puer nei Saachen um Young & Oldtimer Day zu Steesel de 24.06.2018. Mir hunn dëst Joer 5 Kategorien fir déi der ärt Gefier kënnt umellen.
1. Youngtimer (alles tëschent 20 an 30 Joer)
2. Oldtimer (all Gefier iwwer 30 Joer)
3. Custom Car ( all Gefier déi net méi original sinn)
4. Motorrieder (se musse méi al wéi 20 Joer sinn)
5. Trakteren (se musse méi al wéi 20 Joer sinn).
Dat schéinste Gefier vun all Kategorie gewannen e Präis déi vun der Pidal, dem Restaurant Compagnola, dem 4 ever, der Mëllerefer Stuff an dem Restaurant Fontana gestëfft goufen.
Mir hunn och dëst Joer e Concert an zwar wäerten Sneaky Pete vu 15-16 Auer a vun 16.30 bis 17.30 Auer fir déi richteg Stëmmung suergen.
D'Präisverdeelung ass fir 16 Auer geplangt an all Kategorie ass e schéine Präis ze gewannen.
Wann der wëllt um Concours deelhuelen musst der äert Gefier ënnert dësem Link umellen: https://oldtimer.steinsel.lu/parti…/enregistrement-vehicule/
Déi lokal Veräiner suergen mat verschiddene Spezialitéiten fir dat leiblëcht Wuel.
Kommt op Steesel an erlieft e flotten Dag an enger relaxer Ambiance