Trilux - Triathlon Luxembourg - ass den Organisateur vum Iechternacher Triathlon. Den dynamesche Club a déi responsabel Ekipp hunn decidéiert fir karitativ Organisatiounen ze ënnerstëtzen. Déi alleréischt Scheckiwwerreechung an hirer Geschicht war am Restaurant Pulcinella zu Mamer.
An engem sympatheschen Kader krut de Wonschstär e Scheck vun 2.500€.
E grousse Merci un déi ganz Ekipp fir hier sportlech a karitativ Engagementer.