D' Chorale vu Stroossen hat Sonndes de 25.Oktober op hiere Concert, Baroque meets Modern, an d' Stroossener Kierch invitéiert .Um Programm vum éischten Deel stongen 2 Kantate vum Dietrich Buxtehude an 2 instrumental Stécker , La Marcha vum Nicolo Corradini an L'Eroica vum Andrea Falconieri, meeschterhaft virgedroen vum Ensemble Baroque ad hoc mam Anne a Ria Clement( flûte) Yves Tordi ( violoncelle) a Claude Clement( clavecin).
Den 2.Deel stong ganz am Zeechen vu moderner Kierchemusek mat Wierker vum Andy Beck a Geoff Weaver, der Mass of Regeneration vum Alan Wilson an 2 instumental Stécker , All Blues vum Miles Davis a Nadj vum Luca Sales. Den Trio Jazz ad hoc mam Luca Sales( clavier) Laurent Peckels ( Bass) a Gilles Wagner (batterie) huet desen Deel virtuos begleed a wosst ze begeeschteren.
Als Solisten sin opgetrueden d' Tuulia Pasanen ( Sopran) an de Marc Marx ( Bass)
Fir dese Concert hat d' Chorale Stroossen d' Ennerstëtzung vum Cercle Vocal Belval-Metzerlach.Déi 2 Kéier an den Orchester stongen ënner der Direktioun vum Här Jean Wagner .
D'Kierch war bis op déi läscht Platz gefëllt an de Publikum war begeeschtert.