Chorale Ste Cecile Stroossen.Chèqueiwwerreechung u Médecins du Monde.

D'Chorale Ste Cecile vu Stroossen hat Vertrieder vun der Organisatioun Médecins du Monde an hiere Proufsall invitéiert fir hinnen e Chèque iwwer 1000 € ze iwereechen. D'Mme Sylvie Martin, Directrice an den Dr Jean Bottu, President vu Médecins du Monde hu bei där Gelegenheet hier nei Brochure presentéiert an hunn aus dem Alldag vu Médecins du Monde erzielt. D' Equipe vu Médecins du Monde bekëmmert sech bénévol em déi Mënschen aus eiser Gesellschaft déi keen Zougang zur Krankeversecherung hunn an dofir oft keng medezinesch Hëllef an Usproch huelen. Et war en intereressant Diskussiounsthema.D' Mme Martin an den Dr Bottu hunn der Chorale villmols Merci gesot, si sinn op Spenden ugewiesen a fréen sech dofir iwwer all finanziell Hëllef. D'Chorale ass frou e klenge Beitrag geleescht ze hunn fir deenen mannerbemëttelte Mënschen ze hëllefen.

J.Thillmany/ Foto: C.Hentzen