LSAP Stroossen - Déi jonk Wieler

Léiw jonk Wieler,

Um demokrateschen Entscheedungsprozess deelhuelen ze kënnen ass eng grouss Chance a Verantwortung. Als Neiwieler a jonke Bierger ass et wichteg matzeschwätzen a sech a senger Gemeng anzebréngen, well do Entscheedunge getraff ginn, déi d‘Bierger direkt concernéieren.

Um Gemengeniveau gëtt decidéiert, wéi eis Gemeng sech an Zukunft entwéckelen a presentéiere wäert. Dofir ass et grad un deene jonke Wieler, fir eng wichteg Roll an dësem Entscheedungsprozess ze spillen.

Et sinn déi Jonk, déi muer entscheede wäerten, ob si eng zukunftsorientéiert, sozial engagéiert a biergerfrëndlech Gemeng wëllen.

Et sinn déi Jonk, déi mat hirer Stëmm dozou bäidroen, datt d’Entwécklung vun der Gemeng an déi Richtung geet, déi och vun dénen Jonken gewollt ass.

Et ass un deene jonke Wieler, fir genau déi Kandidaten ze ënnerstëtzen, déi eis Zukunft am Bléck hunn an d’Interessie vun eise Jonken mat Nodrock vertrieden.

Mir sin Kandidaten op der Lëscht 3, well d’LSAP, zesummen mat Bierger fir Stroossen, déi eenzech Lescht ass mat jonken Leit an eis Meenungen am beschten vertrett an och an d’Praxis emsëtzt.

d’LSAP, zesummen mat Bierger fir Stroossen setzen sech an fir efficace Schoulen, eng optimal Jugendbetreiung, sécher Mobilität, Ausbildungsplaazen bei der Gemeng, een Kulturpass mat gratis Zougang zu kulturellen Manifestatiounen, bezuelbare Wunnraum fir déi Jonk, een néit Juegendhaus gekoppelt un een flotten Youthcenter, nei Fraizaitinstallationen éwei z.B. eng Pumptrack-Piste, eng performant Universitéit an eng nohalteg Entwécklung vun eiser Gemeng, déi och eis nach an der Zukunft een glecklecht Liewen zu Stroossen garantéiert.

Mir, déi Jonk vun der Lëscht 3, d‘LSAP, zesummen mat Bierger fir Stroossen stinn zu den Grondwäerter: Fräiheet, Gerechtegkeet, Solidaritéit, Biodiversitéit a Sécherheet, a mir setze eis an fir eng modern an dynamesch Gemeng, wou jidderee seng Plaz fënnt a sech fräi entfale kann.

Mir sti fir Partizipatioun vun deenen Jonken an der Gemeng. Mir wëllen dozou bäidroen, datt eis Gesellschaft zesummenhält a solidaresch ass. Mir, déi jonk Kandidaten vun d’LSAP, zesummen mat Bierger fir Stroossen brauchen onbedengt deng Ennerstëtzung nächsten Sonndech.

Déi jonk LSAP-Kandidaten aus denger Gemeng, vun der Lëscht 3


DE FARIA Melissa
25 Joer, Éducatrice

KLEIN Leo
20 Joer, Techniker

WELTER Claude
31 Joer, Bankbeamten