Mat Volldamp an d''Meenuecht – Jägermeister "Rudy's 80s Party" beim Fraiheetsbam Stroossen

En Méindeg den 30. Abrëll huet d'Stroossener Musek op säin traditionellt Beschfest invitéiert. Traditionell as hei den rendez-vous vum 30. Abrëll an 1, Mee!

Dest Joer huet sech d'Musek awer eppes neies agefallen gelooss!

An zwar koum et zu der 1. Stroossener "Jägermeister – Rudy's 80's Party" beim Fräiheetsbaam. Et goufen dann och keng Méih an Käschten gescheit fir en flott Fest opzezéien. D'Neptun's Houseband vun der Päischtcroisière huet fir d'Livemusek aus den 80er Joren gesuergt. Déi Leit déi dest Joer mat eis an den Mee eragefeiert a gedanzt hun werten dat Nächst Joer den redndez-vous net verpassen an mat hiren Frenn bei eis kommen