Den 2. Oktober 2025 huet zu Tënten déi éischt Reunioun vum regionale BuergermeeschterRot stattfonnt, eng Initiativ vum LEADER Zentrum Westen. Dësen informelle Gremium gouf gegrënnt, fir de reegelméissege Wëssensaustausch an d’Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen an der Regioun ze stäerken – mat engem klore gemeinsamem Zil: eng kooperativ a staark Regioun Zentrum Westen.
Ënner der professioneller Moderatioun vum Jan Glas (Snakke & Co), Spezialist fir participativ Entwécklungsprozesser, hunn d’Buergermeeschteren aus der Regioun an engem zweestënnegem Gespréich zentral Erausfuerderungen identifizéiert, déi si alleguer betreffen: Wunnengspolitik, Tourismus souwéi d’Waassermanagement. Hei gouf séier kloer: Kooperatioun an ee strukturéierten Austausch kënne konkret Léisunge bréngen.
Am Mëttelpunkt stounge Best-Practice-Beispiller an déi gemeinsam Iddi, mat pragmateschen Approchen a fachlecher Ënnerstëtzung zukünfteg Projeten erfollegräich ëmzesetzen. Dëse regionale BuergermeeschterRot soll dobäi eng Plattform bidden, wou Erfarunge gedeelt, Synergien entdeckt a konkret Schrëtt ugepak ginn.
D’Reaktioune ware positiv, an d’Initiativ ass bei de Buergermeeschteren op groussen Zousproch gestouss. Dëst éischt Treffen huet gewisen: D’Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen ass e wichtege Schlëssel, fir de ländleche Raum zesummen zukunftsfäeg ze gestalten. Den LEADER Zentrum Westen freet sech, dëse strukturéierte Prozess weiderzeféieren an zesumme mat de Gemengen un enger nohalteger, zukunftsorientéierter Regioun ze schaffen!