Massendénger erhalen d'Traditioun vum Klibberen

Ëlwen

Wann d'Kierchegklacken tëscht Gréngendonneschdeg an Ouschtersonndeg zu Roum sinn, iwwerhuelen um Karfreideg an um Ouschtersamschdeg d'Klibberkanner des Aufgab. Zu Ëlwen an zu Biwisch ginn d'Massendénger klibberen an erhalen d'Traditioun vum Klibberen. Den 20.Dezember 2022 ass d'Klibberen zum immaterielle Kulturierwen vu Lëtzebuerg erklärt gin.