40.Generalversammlung vun Natur&Ëmwelt ,Sektioun Konton Réiden

40. Generalversammlung

vun Natur&Ëmwelt - Sektioun Kanton Réiden

Viru kuerzem hat déi Réidener Sektioun vun Natur an Ëmwelt hir Generalversammlung zu Useldeng. Mat enger kuerzer Usproch huet de President Romain Kleer d’Leit begréisst. De Keessjee Gérard Zoller huet d’Finanzlag vun der Sektioun presentéiert ier de Sekretär John Sowa ee Réckbléck op d’Aktivitéiten aus dem vergaangene Joer gemaach huet. Uschléissend gouf de Programm 2025 presentéiert. Zanter kuerzem huet d‘Sektioun och eng Facebook-Säit, déi elo lues a lues ausgebaut gëtt, an et gëtt och probéiert, duerch Artikelen an de Gemengenzeitunge vum Kanton méi Präsenz ze weisen an d'Leit iwwer aktuell Themen z'informéieren an ze sensibiliséieren.

De Jean Weiss, Vizepresident vun Natur&Ëmwelt asbl, huet am Numm vum Verwaltungsrot der Sektioun felicitéiert an hir Merci gesot fir dat, wat si an deene vergaangene 40 Joer geleescht huet: ënner anerem d‘Uplanze vum fréieren Tipp zu Iewerleng, Bam- an Heckeverkaf, Ofséchere vun de Bruttplaze vun de Schlasshären (Dohlen) a Leeëndecker, wéi den Tuerm vum Useldenger Schlass renovéiert gouf, Ausstellungen, Sortien, Präsenz op Mäert a Fester a Promotioun vu recycléiertem Pabeier. Besonnesch ervirgehuewen huet de Jean Weiss, dass d’Sektioun an deene leschten 30 Joer mat net manner wéi ronn 210.000,-€ Projeten am Naturberäich ënnerstëtzt huet.

An enger ganz interessanter Power-Point-Presentatioun iwwert d‘Waassermärel vum Liliane Burton hunn d’Leit e flotten Abléck an d’Liewe vun deem interessante Vull kritt, deen nach op der Atert doheem ass. Eng kleng Ausstellung mat engem Original-Waasermärelsnascht an zwou Waassermärelskëschten war opgebaut, fir weider Informatiounen ze ginn, well d’Sektioun zesumme mam Sicona d’lescht Joer ugefaangen huet, esou Këschte laanscht d’Atert opzehänken.

Duerno goufen 2 Chèquen iwwerreecht: 3000,-€ fir CNDS- Naturaarbechten a 5000,-€ fir d’Fondatioun "Hëllef fir d'Natur", wouvun der ca. 2000,-€ am Kanton selwer investéiert ginn, well domat eng Persoun bezuelt gëtt, déi ee Mount laang am August/September op der Sëller Héicht hëlleft, den Zuchvullen dee richtege Wee an de Süden ze weisen.

Den Ofschloss gouf et, wéi et sech passt, bei engem Patt, offréiert vun der Gemeng Useldeng, nodeems de Buergermeeschter Pollo Bodem der Sektioun säi Merci gesot a weiderhin Ënnerstëtzung zougesot hat.

Ween d'Sektioun wëllt ënnerstëtzen, ka Member ginn duerch Iwwerweise vun

48 € op de Postscheckkonto LU82 1111 0528 6193 0000 vun natur&ëmwelt.