Concert d'Honneur Harmonie Troisvierges

Useldeng. D’Useldenger Musik gouf 1895 gegrënnt a feiert hiren 125. Gebuertsdag mat engem flotte Programm mat villen interessante Concerten a Manifestatiounen dat ganzt Joer iwwer.

Den Optakt vun de Festlechkeete war de 7. März mat engem Concert vun der Ëlwënter Musik, ënnert dem Patronage vun der UGDA.

Déi 70 Musikantinnen a Musikante, ënnert der Leedung vum Dirigent Werner Eckes, woussten d'Nolauschterer am Centre Culturel zu Useldeng mat hirem flotte Programm HUT Goes Movies ze begeeschteren.