E besonnesche Lannebam als Erënnerung

E besonnesche Lannebam als Erënnerung


75 Joer FC JEUNESSE USELDANGE


Den FC JEUNESSE USELDANGE, deen 1945 gegrënnt gouf, sollt eigentlech am Joer 2020 säi 75. Gebuertsdag feieren. Dës Feierlechkeeten, déi iwwer d’ganz lescht Joer sollte stattfannen, sinn awer der Coronapandemie zum Affer gefall, an hu missten op spéider Datumer verluecht ginn. E Sonndeg, 26. September 2021, konnt dunn awer nom Championnatsmatch FC JEUNESSE USELDANGE-ALLIANCE ÄISCHDALL een Deel vun de Feierlechkeeten nogeholl ginn.

De Fussball hat am Joer 2019 en Organisatiounskommitee « 75 Joer FC JEUNESSE USELDANGE » op d’Bee gestallt, deen ee flotte Programm ausgeschafft hat, an och ee Gebuertsdagsbuch erausbruecht huet. Dëst Buch ass scho virun enger gudder Zäit erauskomm, huet 431 Säite mat villen Artikelen, virun allem, awer nit nëmmen, iwwert den Useldenger Fussballveräin. D’Buch kann nach ëmmer duerch eng Iwwerweisung vu 35 Euro op de Kont vum FC JEUNESSE USELDANGE bestallt ginn.

Nieft dem Buch gouf awer och, no enger Iddi vum Georges Calteux, President vum Organisatiounskommitee, eng metalle Konstruktioun ronderëm ee Lannebam gebaut, déi fir ëmmer un de 75. Gebuertsdag erënnere soll. Dës Konstruktioun erlaabt et, sech gemittlech op enger Bänk Plaz ze huelen, a sech déi op Placketten aggravéiert Nimm vu Leit a Firmaen unzekucken, déi op eng oder déi aner Manéier mam Useldinger Fussball verbonne waren oder nach sinn, an zu sengem Succès beigedroen hunn. Jidderengem säi Numm kann och elo nach op esou eng er Plackett aggravéiert ginn, bei Iwwerweisung vun 125 €.

An enger gemeinsamer Feier, organiséiert vum Fussballveräin an der Gemeng Useldeng, gouf dëse Bam e Sonndeg presentéiert an offiziell ageweit. A Presenz vum Chamberpresident Fernand Etgen, dem Minister Marc Hansen, enger Rei Buergermeeschteren a Politiker aus den Nopeschgemengen, der Famill vum Nic. Anzia, der Useldenger Musek a ville Frënn a Sympathisante vum Veräin, huet de Claude Boudler d’Leit begréisst, an ass op d’Geschicht vum Jubiläumsveräin agaangen. De Veräin ass elo 76 Joer al, an ass eigentlech ëmmer op deem selwechten Site bliwwen. Ganz am Ufank am Klouschterpesch, duerno op der anerer Säit vun der Atert, am Notaire Faber sengem Park, a vun 1994 u mat der Aweiung vum haitege Fussballsterrain, nees zeréck am Klouschterpesch, do wou alles ugefaangen hat. No an no hunn eng Buvette, eng LED-Beliichtung, eng “Anzeigetafel” an ee Grillchalet d’Installatiounen ergänzt. Duerch déi aktuell gutt Resultater vun der éischter an zweeter Equipe an dem Fait, dass bal 100 Jugendspiller zu Useldeng lizenzéiert sinn, erlieft de Veräin momentan seng beschte Joren zanter sengem Bestoen.

Duerno huet de Georges Calteux, als ee vun de längste Memberen am Fussballsclub, den Erënnerungsbam virgestallt an huet iwwer d’Ufäng vum Veräin erzielt, deen zimmlech direkt nom 2. Weltkrich gegrënnt gouf. An den Ufanksjore war et nit sou einfach, ee richtege Ball opzedreiwen, sou dass och mol beim Metzler no enger Schwéngsblooss gefrot gouf, déi da fir dësen Zweck benotzt gouf. Hien huet och d’Gemeng Useldeng gelueft, déi de Site vum Fussballsterrain an de leschte Méint, ënner anerem och duerch d’Installatioun vun enger neier Spillplaz, zimmlech opgewäert huet. Nom Georges Calteux senger Ried ass den Erënnerungsbam devoiléiert ginn. Et lount sech bestëmmt, mol op den Useldenger Terrain ze trëppelen, fir sech den Erënnerungsbam unzekucken.

Duerno war et um Buergermeeschter Pollo Bodem, deen op dëser Feier gläich op zwou wichteg Neierungen opmierksam gemach huet. Nieft der Buvette ass am Laf vum Joer 2020 eng Annexe ugebaut ginn, déi als Grillchalet déngt an och nach ee weideren Trakt mat sanitären Anlagen abegräift. Et gouf also vun der Geleeënheet profitéiert, fir dës Anlag hirer Bestëmmung ze iwwerginn.

Et ass och schonn eng Zäitchen hier, wou am Kommitee vum Fussball d’Iddi opkommen ass, fir den neie Fussballsterrain zu Useldeng nom laangjärege President a Buergermeeschter Nic. Anzia ze benennen. Dës Propose huet den Zousproch vun der Gemeng kritt, déi e Panno mat der Opschrëft „Terrain Nic. Anzia“ installéiert huet. Als Ofschloss vun deem schéine Mëtteg huet de Buergermeeschter dunn och dëse Panno devoiléiere gelooss an den Useldenger Fussballsterrain am Klouschterpesch op Terrain Nic. Anzia ëmbenannt.

No dëser Daf huet eise fréieren „aktiven“ Spiller aus der Härenekipp, den haitege Minister, Marc Hansen, d’Wuert ergraff. Hien huet d’Leit begréisst an dem Fussball felicitéiert. Hie sot, dat e sech nach gäre géif u seng Zäit als Spiller erënneren, a virun allem d’Zäit an de Vestiäre géif hien nie vergiessen.

D’Lou Anzia-Ney, als Vertrieder vun der Famill Anzia, huet ofschléissend dem Fussball an der Gemeng, Merci gesot. Si huet gemengt, dat den Nic. - sollt hien dat dann do uewe esou matkréien - stolz an houfereg wier, dass den Useldenger Fussballterrain elo säin Numm dréit. Ee gudden Drot zum Petrus schéngt de Neckel op jiddefalls ze hunn, well d’Wieder war trotz schlechten Ukënnegungen excellent, a sou konnt uschléissend den Éierewäin zerwéiert an eng reusséieret Feier am fréien Owend ausklénge gelooss ginn.

Bankkonto vum FC JEUNESSE USELDANGE: CCPL LU98 1111 7226 3885 0000

Digicash: 00352 621 660639

· Erënnerungsbuch : 75 Joer FC Jeunesse Useldange “Wat war a wat ass” - € 35,-

· Eng Plackett um Erënnerungsbam, mat Numm a Lokalitéit aggravéiert -

13x13 cm - € 125,-

Claude Boudler



Bildzeilen


D’Famill Anzia ka stolz drop sinn, dass den Terrain elo de Numm vum Nic Anzia, fréiere Buergermeeschter a Präsident vum F.C. Jeunesse Uselding dréit. (Fotoen: Thierry Bodem)


Den Erënnerungsbam direkt niewt dem Useldenger Fussballterrain