"EndGame" war dem Paul Fox säin läschte Galaconcert mat der Harmonie Useldeng

De Galaconcert "End Game" den 18. Mee am Kulturzenrum vun Useldeng war e groussen Erfolleg. Zum Optakt huet de Jugendensembel ënnert der Leedung vum Karin Pick mam Stéck "Final CountDown" gespillt . Duerno waren et d'Musikaten vun der Harmonie Useldeng, déi eng lëchte Kéier, no 14 Joer, vum Paul Fox dirigéiert gi sin. Den emotionalen Owend ass mat der Begleedung vum Brigitte Martins och gesanglich ënnermolt gin. Duerch de Programm huet den Claude Metz geleet. (Fotoen: Charel Reiser)