Nationalfeierdag an der Gemeng Useldeng
to see more pictures.
Nationalfeierdag ass och dëst Joer traditionell um Dag selwer zu Useldeng gefeiert ginn.
De Cortège fir an d’Kierch, ugefouert vun der Harmonie Useldeng an de Pompjeeën aus der Gemeng goung um 10.15 Auer am Millenhaff fort.
Den offizielle Festakt war nom Te Deum beim „Monument aux morts“, wou eng Gerbe niddergeluecht gouf.
D’Usprooch vum Buergermeeschter an d‘Medailleniwwerreechung goufen am Buerg-Haff ofgehalen. D’Gemeng hat uschléissend op e Frëndschaftspatt op der Tit Schroeder Plaz invitéiert.
Uschléissend huet dunn och d'Volleksfest, organiséiert vun de Kultur a Buergfrënn, ugefaangen. E grousse Merci geet un den Useldenger Veräin "Indiaca Nethoppers" fir de Service beim Gedrécks- a Grillstand.
Der Harmonie Useldeng an der Useldenger Chorale e grousse Merci fir déi musikalesch Begleedung wärend dem Te Deum.