20 Joer Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

Dee schéine Versammlungssall am Iewerlenger Schlass war bis op déi lescht Plaz besat, wéi d’Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn op hir Generalversammlung iwwert d’Joer 2021 agelueden haten. Dat koum dohier, well si bei därselwechter Geleeënheet hiren 20. Gebuertsdag gefeiert hunn.

No deenen übliche Begréissungen a Rapporten iwwert Aktivitéiten a Finanzen, huet de President, Romain Jacoby, mat der Hëllef vum Fräns Siebenaler senger Power-Point-Show, e Réckbléck op déi vergaangen 20 Joer gemaach. Enn 2001 gouf de Geschichtsveräi gegrënnt a vun 2008 un, huet, op Initiativ vum deemolege Buergermeeschter Claude Staudt, déi Mäerzeger Gemeng sech ugeschloss, sou datt de Veräin elo Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn heescht.


D’Leit aus dem Veräi versichen, alles ze recherchéieren ze sammelen an ze archivéieren, wat d’Vergaangenheet vun eise Gemengen an hirer Ëmgéigend betrëfft. An den Archive gi Fotoen, Filmer, Postkaarten, Dokumenter an Zeitungsausschnëtter vu Privat-Persounen a vu Veräiner versuergt a mëndlech Iwwerliwwerunge ginn dokumentéiert. De Veräi befaasst sech mat alle Gebitter vun der Geschicht, vun der Steinzeit, iwwert d’Réimer bis bei d’Asetze fir d’Erhale vun historesch wäertvoller Bausubstanz. Ausserdeem gëtt sech nach beschäftegt mat Auswanderung, Genealogie a mat den zwee Weltkricher. Verschidde Membere maache Prospektioun a et gëtt zesummegeschafft mat dem Institut national de recherches archéologiques (INRA), mat Sites et Monuments (elo: Institut national pour le patrimoine architectural - INPA) a mat Veräiner aus aneren Dierfer.


Een Highlight ass zweiwellos d’Journéee de l‘histoire locale, déi eng éischte Kéier am Joer 2010 zu Mäerzeg ofgehale gouf. Och déi alljärlech Broschür dréit derzou bäi, dass de Veräin iwwert d’Grenze vun eise Gemengen eraus bekannt ass. Nieft der Broschür kommen och Faksimileën, Deplianten, Memberskaarten, Postkaarten a personifizéiert Timberen eraus.


Wéi et bei der Generalversammlungen sou üblech ass, gouf och eng Konferenz gehalen. Dëst Joer war et um Här André Bauler, dee ganz interessant Fakten zum Thema „Den 30järege Krich, eng Tragedie“ virgedroen huet.


Dee ganze Veräin kann nëmme funktionéieren duerch déi finanziell Ënnerstëtzung vu Memberen a Sponsoren a mat ville fräiwëllege Mataarbechter, op déi e sech ka verloossen.


Och eis zwou Gemengen ënnerstëtzen äis op all Manéier an hir Buergermeeschteren Mike Poiré a Luc Recken hu gratuléiert a Merci gesot fir déi vill benevole Aarbecht.

Als Merci vum Veräin aus, goufen haut all eis Memberen invitéiert a si kruten eppes Guddes z’iessen an ze drénken an enger gemittlecher Atmosphär offréiert.


Wann Dir eppes weider iwwert de Veräin a seng Publikatioune wëllt wëssen, da kuckt bei viichten.gf.lu.