Neiegkeete vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

Noriichten vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

An de leschte Woche konnten d’Memberen a Sponsore vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn déi nei Broschür vun hirem Veräin an den Hänn halen. 80 Joer nom Enn vum zweete Weltkrich läit de Fokus op dësem Krich mat Artikelen iwwert eng V1, déi zu Schandel erofgefall ass, iwwert eng Bomm, déi bei Méchelbuch erëmfonnt gouf an iwwert d’Amerikaner, déi zu Viichten aquartéiert waren. Dann hu Schüler aus dem Iechternacher Lycée sech an hire Familljen oder hirer Noperschaft ëmgefrot a si hu ganz verschidden Erliefnesser aus dem Krich notéiert an illustréiert. Wéi gewinnt gëtt et an der neier Broschür och een Artikel iwwert d’Steenzäit a gréisser Beiträg aus der Réimerzäit zu Viichten an Ëmgéigend. Zu dësen Themen hu verschidden Historiker geschriwwen: de Jean Krier, d’Stephie Reichert, de François Valotteau an d’Aurore di Liberto. De Konschthistoriker Alex Langini huet iwwert d’Kierch vu Colmer-Bierg recherchéiert an de Veräinsfotograf Fräns Siebenaler huet sämtlech beschriwwen Detailer vun dëser Kierch am Bild festgehalen. Da gëtt een nach eppes gewuer iwwert e grujelege Mord zu Viichten am Joer 1890, iwwert d’Autoen an d’Tracteuren zu Bëschrued am Joer 1955 an iwwert e Weekräiz zu Mäerzeg. An der Broschür sinn och d’Aktivitéite vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn resuméiert: hiren Ausfluch, hir Generalversammlung, hir finanziell Situatioun an hir Publikatiounen. Et kann een noliesen, wie Member a Sponsor ass a wéi eng Ënnerstëtzer vum Veräi gestuerwe sinn. Dës faarweg Broschür vun 108 Säite kann e bestellen, andeems een 25,00 € + 2,50 € Porto iwwerweist op de Kont CCRALULL LU03 0090 0000 7423 4436 vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn.

Eng nächst Aktivitéit vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn ass déi 11. Journée de l’Histoire locale, déi d’Geschichtsfrënn, zesumme mat Les Amis du Prieuré d’Useldange, zu Viichten an der Hal organiséieren. Den 1. Mäerz 2026 ass do eng Virstellung vu Muséeën, Geschichtsveräiner, Anefuerscher, Sammler vun Timberen, Postkaarten, Mënzen an Industrie-Artikelen an nei an al Luxemburgensia. Nomëttes si Konferenzen an eng Filmvirféierung vun den Hären Jean Krier, André Bauler an Erny Kohn. Dir sidd häerzlechst invitéiert – den Entrée ass fräi.