Chrëschtfeier bei de Seniore Frënn Viichten


Éierung vun de Jubilaren

Viichten: Wéi dat sech bei de Seniore Frënn Viichten zënter laange Joeren schon zur Traditioun gehéiert, konnten d‘Memberen vum Viichtener Senioreveräin e puer Deeg viru Chrëschtdag e puer flott Momenter mateeneen verbrëngen. Nom Apéritif huet jidderreen sech de Festmenü och gut schmaache geloos. Am Verlaaf vun deser schéiner Chrëschtfeier war et fir d’Presidentin Triny Mathgen eng besonnesch Freed fir allen Senioren schéi Chrëschtdeeg an Alles Guddes fir dat neit Joer bei gudder Gesondheet ze wënschen. Mat engem klenge Kado si folgend Jubilaren zu hirem Gebuerstdag geéiert gin: Fir 85 Joer: François Noben. Fir 75 Joer: Francine Fischbach, Pierre Kieffer, Julie Van de Pal- Plier a Micheline Van Dyck. Fir 70 Joer: Marie- Anne Kugener – Goethals. Folgend Jubilaren, déi nit konnten bei deser Feier derbéi sin, ass och gratuléiert gin: Georgette Siebenaler(70), Monique Arendt- Bissen an Milly May (71). Jean- Pierre May, Jos Oesch, Fränz Siebenaler a Jos Graas (75). Metty Scheuren (85). Sëcherlich zefridden konnten d’Senioren vu Viichten no e puer onvergiesslicher Stonnen a gudder Ambiance, eng kleng Unerkennung fir Chrëschtdaag mat Heem huelen. (CR) (Foto: Charles Reiser)